D’BILD VUM DRËTTEN ALTER HUET SECH FUNDAMENTAL GEÄNNERT

Haut liewen eis Senioren am allgemenge besser, si suerge sech ëm hir Gesondheet a wëlle léiwer bei sech doheem, an hirem sozialen Ëmfeld liewe bleiwen, wéi an een Altersheem ze goen.

BETREIUNG FIR SENIOREN BEI SECH DOHEEM

Mir bidden Iech déi Déngschter un déi Dir siicht fir bei Iech doheem, an aller Selbststännegkeet, mat allem Komfort a Sécherheet, liewen ze kënnen.

Eis Familljen-Betreierin lieft bei Iech an ënnerstëtzt Iech do an da wann Dir si braucht :

Zu jidder Zäit fir Komfort, Gesondheet a Sécherheet suergen, den Dialog mat der Famill féieren
.
De Client beim Spadséiere begleeden, hie motivéiere seng Aktivitéiten ze maachen, seng Rendezvousen a seng Reesen organiséieren, mat sengem Auto fueren
.
De Client motivéiere seng Kontakter mat der Famill a Frënn ze fleegen, mat him ënnert d’Leit goen, fir Ënnerhalung suergen, seng Hobbyen ënnerstëtzen
.
Den Haushalt féieren: Kachen (och Regime), Akafen, Botzen, d’Wäsch maachen, mat dem Client akafe goen, sech ëm d’Déiere an d’Planze këmmeren
Suergen datt d’Medikamenter richteg geholl ginn, an de Gesondheetszoustand iwwerwaachen, mat dem Dokter an de paramedezineschen Hëllefsorganisatiounen zesummeschaffen
Dem Client bei senger Kierperhygiène hëllefen, him beim Opstinn a beim an d’Bett goen zur Säit stoen, a fir säin allgemengt Wuelgefill suergen

Wee benotz eis Déngschter ?

Et ass net esou einfach, eng friem Persoun a sengem Doheem zu hunn. Aus deem Gronn wiele mir eis Familljen-Betreierinnen net nëmmen no hirer berufflecher Qualifikatioun aus, mä och an deem mir hir Fäegkeeten zum sozialen Ëmgang mat eelere Leit mat an d’Betruechtung huelen.

  • Persounen déi eng op d’Mooss gemaache Begleedung sichen
  • Persounen déi kierperlech ageschränkt sinn an eng permanent Hëllef brauchen
  • Persounen déi dement sinn oder Alzheimer hunn
  • Persounen déi an der Beweegung ageschränkt sinn, wéi Patiente mat MS oder ALS
  • Persounen déi eng schwéier Operatioun hannert sech hunn
  • … an esouguer Familljen déi eng Nounou fir hir Kanner sichen

Mir couvréiere 24 Stonne mol 7 Deeg fir eise Clienten de Komfort an déi Sécherheet ze bidden, déi si brauchen.

Mir si komplementar zu de spezialiséierte paramedezinesche Fleegedéngschter, mat deene mir zesumme schaffen.

D’Roll vun der Famill

Eng intensiv Zesummenaarbecht tëscht LiewenDohemm, der Betreierin an der Famill ass wichteg.

Eis Zil ass et datt d’Zesummenaarbecht tëscht eiser Betreierin an dem Client frëndschaftlech oder esouguer familiär ass, an awer och kloer Limitte wat déi perséinlech Privatsphären ugeet, huet.

Wann esou een Ëmgang net méiglech oder net erwënscht ass, dann ënnerstëtze mir alternativ, eng Form vun Zesummewierken, déi méi de renge Charakter vun enger Déngschtleeschtung huet.

Eis Roll ass et awer, zu all Moment dofir ze suergen, datt de Respekt an d’Wäertschätzung tëscht de Parteie besteet.

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl-s, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis en ligne à Luxembourg, le 1 mars 2020