LiewenDoheemKader-Kontrakt LiewenDoheem

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/LiewenDoheem-Demarche-Contrat-cadre.png

Elementer vun eisem Kader-Kontrakt

De Kader-Kontrakt reegelt d’Relatioun déi de Client mat LiewenDoheem huet. Hien ëmfaasst folgend Elementer :

  • Beschreiwung vun den Déngschter déi LiewenDoheem leescht.
  • Analys vu de Besoinen an d’Informatiounen déi mir am Virfeld zu de Besoinen an Aschränkunge vum Client kritt hunn.
  • Aart a Weis wéi eis Betreierin ugestallt gëtt.
  • Aspekter zum Aarbechts- a Steierrecht déi bei der Ustellung wichteg sinn.
  • Organisatioun vun der Aarbechtszäit vun der Betreierin.
  • Verantwortungen déi Betreierin ofdeckt.
  • Finanziell Aspekter vun der Betreierin an hiren Déngschter.
  • Verantwortung vu LiewenDoheem.
  • Finanziell Aspekter vun den Déngschter vu LiewenDoheem.
  • Den Ufank an d’Ënn vum Kader-Kontrakt.
  • Verantwortung vum Vertrieder vum Client.
  • Bedingungen déi bei enger Verlängerung vum Kontrakt mat der Betreierin spillen.
  • D’Bezuele vun dem Salaire vun der Betreierin, vun de Steieren, vun de soziale Freeën duerch LiewenDoheem.

Eis Betreierin bleift fir 3 bis 6 Méint am Déngscht vum Client, ob Wonsch och 12 Méint oder nach länger. No enger Missioun geet si zeréck an hir Famill fir sech ze erhuelen, an, wa gewollt, erëm zeréck ze kommen.

LiewenDoheem delegéiert gewéinlech 2 Betreierinne fir e Client, déi sech da bei him ofwiesselen.

Zäitplang, an dësem Beispill mat kuerze Periode vun jee 3 Méint

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/Screenshot-2020-03-06-at-16.52.32-1024x582-1.png

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis à jour à Luxembourg, le 1 septembre 2024