LiewenDoheemEngagement vun der Familljen-Betreierin

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/LiewenDoheem-Demarche-Engagement.png

Ween ass Patron, wat ass d’Roll vu LiewenDoheem ?

Wéinst eisem Aarbechtsrecht, awer och aus steierleche Grënn, ass et noutwenneg datt d’Familljen-Betreierin direkt vum Client engagéiert gëtt. Wann si nämlech fir eis schaffe géif an da bei de Client geschéckt géif ginn, da misste mir op hirer Pai nach emol 17% TVA drop rechnen. Och d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit géif da vill méi komplizéiert ginn, wann si net als Haushaltshëllef agestallt wär.

D’Missioun vu LiewenDoheem besteet aus :

  • Déi ideal Kandidatin an eiser Persounenkartei ze fannen.
  • Dem Client si virstellen a säin Averständnis kréien.
  • D’Urees fir Betreierin (aus dem Ausland) no Lëtzebuerg organiséieren.
  • Den Aarbechtskontrakt virbereeden, am Optrag vum Client deen ënnerschreiwen.
  • D’Betreierin bei den Administratiounen umellen.
  • De Besuch beim Aarbechtsdokter organiséieren.
  • D’Betreierin an der Gemeng umellen.
  • Mat der Betreierin de genauen Déngschtplang an de Qualitéitsplang duerchgoen, esou wéi si mat dem Client ofgemaach sinn.
  • All Mount de Paiziedel ze erstellen.
  • D’Pai vun der Betreierin iwwerweisen an d’Steieren a d’sozial Käschten am Optrag vum Client bezuelen.
  • Emol am Mount, dës Käschten (ouni TVA) un de Client verrechnen, eis eege Käschten (mat TVA) a Rechnung stellen.
  • Reegelméisseg d’Aarbecht vun der Betreierin an d’Zefriddenheet vum Client an der Famill iwwerwaachen.
  • Wann d’Missioun vun der Betreierin eriwwer ass, hir Réckrees organiséieren an si iwwerall ofmellen.
  • E Mount éier hir Missioun eriwwer ass, dem Client eng nei Kandidatin verstellen (mir wiesselen am Prinzip tëscht zwou Dammen hin an hier).

Fir den aarbechtsrechtleche Kader vu Lëtzebuerg ze respektéieren, gëtt eise Client der Betreierin hire Patron, soumat stëllt hien a sengem Haushalt déi Persoun un déi mir him zouweisen. Mir verwalten, a sengem Optrag, déi komplett Relatioun mat der Betreierin.

Den Aarbechtsvertrag ass, op Wonsch vun der Betreierin, e befriste Vertrag (CDD), typesch 3, 6 oder 12 Méint laang.

Eis qualifizéiert Mataarbechterin kommen aus den neien, Ost-europäesche Länner.

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis en ligne à Luxembourg, le 1 mars 2020