LiewenDoheemAnalyse vun de Besoinen

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/LiewenDoheem-Demarche-Analyse.png

Wat sinn d’Elementer vun eiser Analyse vun de Besoinen ?

An der éischter Reunioun, an der mir mat dem Client a meeschtens och mat senger Famill zesumme kommen, stelle mir een detailléierte Bilan vun den Déngschter op, déi gebraucht ginn, mir kucke wéi et dem Client am Allgemenge geet an huelen extra Wënsch vun der Famill oder vum Client op, mir notéieren och all aner Suerg :

  • D’kierperlech Ënnerstëtzung fir de Client wann et drëms geet an d’Bett ze goen oder opzestoen, fir seng Mobilitéit, sech ukleeden, asw.
  • Den Zäitplang fir schlofen ze goen, d’Iessen, fir d’Medikamenter ze huelen.
  • Déi paramedezinesch Hëllefen déi soss nach nom Client kucken, wat si genau maachen a wien bei hinnen de Uspriechpartner ass.
  • Déi emotional Besoine wéi z.B. sozial Kontakter, Aktivitéiten, Gespréicher, Rendezvousen a eng Begleedung.
  • Eng speziell Virbereedung vum Iessen, Akeef, Wäschen a Strecken, an den Ënnerhalt vum Stot.
  • Aner Persounen déi am Stot wunnen.
  • D’Fleeg déi d’Dieren (Muppen, Katzen) brauchen.
  • D’Wunneng mat senge Particularitéiten, dem Zoutrëtt, de Visiteuren.
  • D’sozial Ëmfeld, Familljememberen, an de Bekanntekrees.
  • Déi eventuell Upassungen déi gemaach musse gi fir dem Client mä och eiser Betreierin jeeweils hir Privatsphären ze garantéieren.
  • De geplangten Zäitplang an d’Dauer vun eiser Missioun.

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis en ligne à Luxembourg, le 1 mars 2020