LiewenDoheemD’Käschte pro Mount

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/LiewenDoheem-Demarche-General.png

Wat verdéngt eng Familljen-Betreierin (Index September 2023) ?

Eis Aarbecht- a Sozialrecht verlaangt, datt d’Betreierin direkt vum Client als Haushaltshëllef ugestallt gëtt. LiewenDoheem këmmert sech ëm dës Relatioun. Mat der vereinfachter administrativer Prozedur fir Hauspersonal vun der Sécurité Sociale, ass den Netto Salaire ab September 2023 op 11,88 Euro pro Stonn fixéiert, fir eng Aarbechtswoch vu 40 Stonnen. Hei e Beispill vun enger Pai (CCSS.lu) op Basis vum Index (IPCN 944,43) vum September 2023 :

  • Aarbechtszäit an der Woch : 40 Stonnen
  • NETTO Salaire pro Mount : 2.058 € opgeronnt
  • Cotisatiounen : 620 € opegronnt
  • Steieren (Forfait vun 10%) : 206 € opgeronnt
  • Gesamtkäschte BRUTTO fir de Salaire pro Mount : 2.884 € opgeronnt
  • Zu dësem Betrag muss de Client, fir d’Betreierin, ongeféier 130 € Freeë pro Mount fir Extraes dobäi rechnen, zB. Reesen, Feierdeg, etc.
  • De Client kann a senger Steiererklärung Brutto Extrakäschte vu 6.750 € (als “frais de domesticité”, ab dem Joer 2020 a fir 12 Méint Service) ofsëtzen.
  • Wann eis Familljen-Betreierin méi laang wéi 6 Méint beim Client am Déngscht ass, a wann hien d’Recht op eng Ënnerstëtzung vun der Assurance Dépendance huet, da kann hien do eng Ufro maache fir eng Ënnerstëtzung fir d’Betreierin.
  • D’Betreierin huet, wéi jiddereen deen zu Lëtzebuerg schafft, 26 Deeg Congé am Joer ze gutt, respektiv 2,17 Deeg pro Mount
https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/Screenshot-2021-01-09-at-12.40.41.png

D’Käschten déi LiewenDoheem verrechent

Mir verrechnen, pro Mount, dem Client e Forfait fir eis Déngschter, d’Siche vun der Betreierin, an de ganzen administrativen Opwand bei der Astellung, dem Suivi am Mount, an der Ofmeldung wann si geet.

Si sinn méi gënschteg wéi déi vun eiser Konkurrenz, an dat bei enger Déngschtleeschtung déi wesentlech méi komplett a flexibel ass.

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis en ligne à Luxembourg, le 1 mars 2020