Mëtt vum Joer 2019 mir no enger Léisung gesicht fir, datt e Senior aus eiser noer Famill, bei sech weiderhi wunne kënnt bleiwen, nodeem seng Fra kuerz virdru gestuerwe war.
Aus dëser Erfarung eraus ass d’Iddi entstanen, fir d’Senioren zu Lëtzebuerg, een Déngscht unzebidden deen hinnen erlaabt mat Zouversiicht a Sécherheet méi al ze gi…an dat an hiren eegene féier Mauere mat hirem sozialen Ëmfeld.
D’Zill vun LiewenDoheem ass et, eise Senioren ze erlabe ganz laang bei sech doheem liewen ze bleiwen, mat aller Sécherheet a Komfort, an net brauchen an een Altersheem ze goen.
Mir ginn och de Familljen d’Garantie, datt hir Léifst ëmmer a gudden Hänn sinn.
Déi professionell Kompetenz vun eiser Ekipp vu Familljen-Betreierinnen an déi breet Erfarung, déi sech d’Grënner vu LiewenDoheem, a ganz verschiddene Déngschtleeschtungsberäicher, opgebaut hunn, maachen aus eiser Firma e wichtegen Acteur an dësem neie soziale Secteur.
Fir eis Clientë wielen a verwalte mir d’Familljen-Betreierinnen esou datt hir Déngschtleeschtungen engem héije Beruffsstandard entspriechen. Duerfir hält eis Aarbecht net domat op, d’Betreierin bei der Dir vum Client ofzesëtzen. Ganz am Géigendeel, fir eis ass jidderengem Client seng Situatioun individuell a brauch eng ugepasste Planung a Verwaltung, mat reegelméissege Qualitéitskontrollen.
Mir sinn zu de paramedezineschen Hëllefsdéngschter komplementar a schaffen eng mat hinnen zesummen. Eis Personal mécht keng medezinesch Aktivitéiten an och keng Fleeg am Intimberäich.
Wann Dir oder Äre Léifsten d’Servicer vun engem Hëllefsdéngscht brauchen, da rode mir Iech dëse Besoin mat der Assurance Dependance ze klären, fir datt mir eis Betreiung entspriechend upassen.
Dir kënnt eis hei kontaktéiere fir méi Informatiounen ze kréien.