NET ÄR OPTIOUN
datt et ëmmer méi schwéier gëtt, den Alldag eleng ze meeschteren. Dëst markéiert den Ufank vun engem neie Liewensofschnëtt,deen esou gestallt muss ginn, datt d’Wuelbefannen an d’Liewensqualitéit geséchert bleiwen.
Et gi verschidden Optioune fir eng Betreiung doheem.
Mir stelle si vir.
MAT VILL ENGAGEMENT
Franséisch, Italieenesch oder Englesch.
FIR IECH ZE ËNNERSTËTZEN
no bei eise Clienten.
A MAT CONFORT DOHEEM
an effizient a mir stinn him zur Säit.
Mir bidden Iech déi Déngschter un déi Dir siicht fir bei Iech doheem, an aller Selbststännegkeet, mat allem Komfort a Sécherheet, liewen ze kënnen.
Eis Familljen-Betreierin lieft bei Iech an ënnerstëtzt Iech do an da wann Dir si braucht :
1 | Schrëftlech Kuerz-Informatioun un de Client virum dem éischte Rendez-vous an eng komplett Websäit an dräi Sproochen |
2 | Lëtzebuerger Service-Kontrakt mat LiewenDoheem – komplett an ausgeglach |
3 | Kee Konflikt vun Interessen, LiewenDoheem schafft just fir de Client |
4 | Gepréifte Liewenslaf vun der Betreierin an Telefonsgespréich mam Client am Viraus fir sech a Bild iwwer d’Sprooch ze maachen |
5 | Lëtzebuerger Aarbechtsvertrag tëscht dem Client an der Betreierin mat polnescher Iwwersetzung : – Dauer vun 2 oder 3 Méint mat der Optioun ze verlängeren – Voll ugemellt ab dem éischten Dag – Proufzäit vun 3 Wochen – Kloer Aarbechtszäit-Reegelen – Kloer Aarbechtsbeschreiwung – Kloer Verantwortung vun all Partei |
6 | Qualitéitscharta mat kloer Verhalensreegele fir d’Betreierin (Behuelen, Privatsphär a Vertraulechkeet, Haushaltféierung, Konfliktreegelung, Kommunikatioun, etc.) an de Client. |
7 | Méintleche Paiziedel mat Ofrechnung vu Congé a Nuechtstonnen |
8 | Kontroll duerch d’Aarbechtsmedezin (STM) |
9 | Reegelméisseg Kontakter vu LiewenDoheem mat dem Client an der Betreierin, iwwer Telefon oder mat engem Besuch op der Plaz |
10 | Un- an Ofmeldung an der Gemeng (no 3 Méint) souwéi Begleedung bei medezineschen Noutfäll |
Et ass net esou einfach, eng friem Persoun a sengem Doheem zu hunn. Aus deem Gronn wiele mir eis Familljen-Betreierinnen net nëmmen no hirer berufflecher Qualifikatioun aus, mä och an deem mir hir Fäegkeeten zum sozialen Ëmgang mat eelere Leit mat an d’Betruechtung huelen.
Mir couvréiere 24 Stonne mol 7 Deeg fir eise Clienten de Komfort an déi Sécherheet ze bidden, déi si brauchen.
Mir si komplementar zu de spezialiséierte paramedezinesche Fleegedéngschter, mat deene mir zesumme schaffen.
Eng intensiv Zesummenaarbecht tëscht LiewenDohemm, der Betreierin an der Famill ass wichteg.
Eis Zil ass et datt d’Zesummenaarbecht tëscht eiser Betreierin an dem Client frëndschaftlech oder esouguer familiär ass, an awer och kloer Limitte wat déi perséinlech Privatsphären ugeet, huet.
Wann esou een Ëmgang net méiglech oder net erwënscht ass, dann ënnerstëtze mir alternativ, eng Form vun Zesummewierken, déi méi de renge Charakter vun enger Déngschtleeschtung huet.
Eis Roll ass et awer, zu all Moment dofir ze suergen, datt de Respekt an d’Wäertschätzung tëscht de Parteie besteet.