LiewenDoheemLëtzebuergesch Agencen

5 Froen an 10 Grënn fir LiewenDoheem ze wielen

5 Froe fir déi richteg Agence ze fannen

Éier Dir eng Agence fir Betreiungen auswielt, ass et essentiel, datt Dir eng grëndlech Enquête duerchféiert, fir sécherzestellen, datt d’Agence Är Erwaardungen entsprécht an déi gesetzlech a moralesch Norme respektéiert. Mir bidden Iech eng Lëscht mat wichtege Froen, déi Dir bei dëser Enquête stelle sollt.
Bei LiewenDoheem si mir iwwerzeegt vun der Qualitéit vun eise Servicer, a mir encouragéieren Iech, eis mat aneren Agencen ze vergläichen: eis Transparenz an eisem Engagement wäerten den Ënnerscheed maachen.

LiewenDoheem gëtt op all Fro eng optimal Äntwert !

Stëllt dës 5 Froen un d’Agence

Stellt dësen Agencen dës fënnef wichteg Froen, fir eng fundéiert a sécher Entscheedung ze huelen, Dir kënnt och hei eise Questionnaire eroflueden an dann ausdrécken, fir Iech d'Aarbecht ze erliichteren.

QUESTIONNAIRE EROFLUEDEN

 

1. Liewenslaf a Telefonsgespréich ?

Kritt Dir e gepréifte Liewenslaf vun der Betreierin an hutt Dir een Telefonsgespréich éier Dir Ären OK fir d’Betreierin gitt? Wéi garantéiert d’Agence, datt d’Betreierin qualifizéiert ass an op d’Bedierfnesser vum Client passt?

2. Schrëftlechen Aarbechtsvertag tëscht dem Client an der Betreierin ?
WANN NET

Am Fall vun enger Aarbechtsrelatioun tëscht dem Client an enger Betreierin ouni formellen Aarbechtsvertrag, och wann si bei der Caisse Commune de Sécurité Sociale (CCSS) zu Lëtzebuerg ugemellt ass, kann de Client mat verschiddene finanziellen a legale Konsequenze konfrontéiert ginn:

  • Een impliziten Aarbechtsvertrag gëllt als CDI : Beim Feelen vun engem schrëftlechen Aarbechtsvertrag mat enger bestëmmter Dauer gëtt d’Bezéiung als Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Zäit (CDI) ugesinn – ouni Proufzäit !!
  • Net-Respekt vun de gesetzleche Flicht vum Aarbechtsvertrag : Och wann en oralen oder impliziten Aarbechtsvertrag erlaabt ass, erfuerdert d’Gesetz datt déi wesentlech Konditioune bannent zwee Méint schrëftlech kommunizéiert ginn.
  • Responsabilitéit a punkto Sozialversécherung : Och wann d’Betreierin bei der CCSS ugemellt ass, kann d’Absence vun engem formelle Vertrag d’Prezisioun vun de Sozialversécherungsbäiträg komplizéieren.
  • Indemnitéiten am Fall vum Doud vum Client : No Artikel L. 125-1 vum Aarbechtsgesetz gëtt de Kontrakt vun der Betreierin automatesch opgeléist am Fall vum Doud vum Client. Allerdéngs mussen nach all dës verschidden Indemnitéiten ausbezuelt ginn:
    • De Rescht vum Salaire fir den aktuelle Mount, an deem de Doud geschitt ass ;
    • De Salaire fir déi reschtlech Deeg vun dësem Mount ;
    • D’Congé-Deeg, an zwar 2,17 Deeg pro Mount Aarbecht, opgeronnt ;
    • Eng Indemnitéit, déi engem Mount Salaire gläich ass ;
    • Een hallwe Préavis vun zwee Méint (fir kuerzfristeg Beschäftegungen), wat eng zousätzlech Indemnitéit vun engem Mount Salaire bedeit.

Dës Kompensatioune, vun mindestens 3 Méint Salaire, ginn als Recht ugesi wëll d’Feele vum Kontrakt als CDI behandelt gëtt.

WA JO

da stellt dës Froen:

      • Aarbechtsvertrag: Ass den Aarbechtsvertrag tëscht dem Client an der Betreierin komplett a mat detailléierten d’Aarbechtsbedéngungen, gëtt Congé bezuelt, ass d’Aarbechtszäit gereegelt, och d’Nuechtaarbecht? Ass de Fall vu Krankheet gereegelt, fir de Client awer och fir d’Betreierin? Sinn d’Fautes graves beschriwwen? Gëtt et eng polnesch Iwwersetzung, déi esou sécher stellt, datt d’Betreierin ganz hiren Engagement verstanen huet.
      • Verhalensreegelen: Gëtt et eng Qualitéitscharta déi dem Client an der Betreierin hir Zesummeliewe beschreift? Sinn d’Verhalensreegele kloer a schrëftlech definéiert a ginn se duerchgesat, fir eng qualitativ héich Betreiung ze garantéieren?
      • Paiziedel: Gëtt et ee Paiziedel mat allen Detailer déi wichteg sinn, wéi d’Berechnung vum Congé an Nuechtstonnen, Reesgeld a Krankheetsdeeg?
      • Umeldung an der Gemeng: Kann d’Betreierin sech spéitstens no 3 Méint an der Gemeng vum Client umellen an deem si do hiren Aarbechtsvertrag virleet?
3. Reegelméisseg Kontakter ?

Wéi oft an intensiv sinn Kontakter tëscht Client, Betreierin an der Agence? Wéi hëlleft dëst, fir d’Betreiung kontinuéierlech ze verbesseren?

4. Begleedung bei bei administrativen Aufgaben a medezineschen Noutfäll ?

Wéi ënnerstëtzt d’Agence de Client bei administrativen Aufgaben an Noutfäll? Wéi zouverlässeg an effikass ass dës Begleedung am Verglach mat aneren Agencen?

5. De Kontrakt mat der Agence an dem Client ?

Ass de Kontrakt tëscht dem Client an der Agence komplett an ausgeglach an huet eng genau Beschreiwung vun :

    • de Flichten a Rechter vu béide Parteien
    • d’Aufgabe vun der Agence
    • dem Schutz an dem Behandele vu vertraulechen Informatiounen iwwer de Client
    • de Käschten déi de Client ze droen huet esoubal eng Betreierin bei him ass
    • der Hëllef duerch Agence wann emol Problemer opdauchen, mat hir selwer oder mat enger Administratioun oder a medezineschen Noutfäll vun der Betreierin
    • ouni Konflikt vun Interesse well d’Agence och e Kontrakt mat der Betreierin huet, an op hir Geld verdéngt?

10 gutt Argumenter fir LiewenDoheem ze wielen

LeeschtungWat mécht LiewenDoheem ?
1. Schrëftlech Kuerz-Informatioun un de Client a komplett Websäit (DE, FR, LU)LiewenDoheem stellt dem Client an senger Famill eng ëmfaassend schrëftlech Informatioun zur Verfügung, déi all wichteg Detailer zur Betreiung enthält. Zousätzlech bidde mir eng komplett Websäit op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch un, fir sécherzestellen, datt all Informatiounen kloer a liicht zougänglech sinn.
2. Lëtzebuerger Servicevertrag – komplett an ausgeglachEise Servicevertrag entsprécht dem lëtzebuergesche Recht an ass kloer a gutt ausgeglach tëscht der Agence an dem Client.
3. Kee Konflikt vun InteressenLiewenDoheem garantéiert, datt keng finanziell Relatioun tëscht der Agence an der Betreierin besteet, mir schaffe just fir de Client.
4. Gepréiften Liewenslaf vun der Betreierin an Telefonsgespréich mam Client virabMir préiwe genau de Liewenslaf vun all Betreierin an organiséiere virab een Telefonsgespréich tëscht der Betreierin an dem Client, fir Transparenz (Sprooch an Empathie) ze schafen.
5. Lëtzebuerger Aarbechtsvertrag mat franséischer a polnescher Iwwersetzung – geregelten AarbechtsbedéngungenEis Betreierinnen ënnerschreiwen en lëtzebuergeschen Aarbechtsvertrag, deen de nationale Aarbechts- a Sozialstandarden entsprécht. De Vertrag enthält kloer Reegele fir Aarbechtszäiten, Iwwerstonnen, Urlaubsfuerderungen, Nuetsaarbecht, Proufzäit an spezifesch Aufgaben. De Vertrag gëtt op Franséisch verfaasst a gëtt zousätzlech op Polnesch iwwersat, fir sécherzestellen, datt d’Betreierin all d’Bedingungen versteet. D’Iwwersetzung verhënnert Mëssverständnesser.
6. Qualitéitscharta – kloer Verhalensreegelen a Schutz fir Client a BetreierinEis Qualitéitscharta definéiert kloer Verhalensreegelen fir d’Betreierin. Dozou gehéieren: respektvollen Ëmgang mam Client a senger Privatsphär, Aanhale vu Hygienereegelen (inklusiv Covid-19-Moossnamen), den Ëmgang mat Alkohol a Fëmmen, Féierung vum Haushalt, souwéi Kommunikatioun a Verhalen am Noutfall. D’Charta schützt och de Client, andeems si och säi Verhalen reegelt, wéi respektvollen Ëmgang, Kommunikatioun an Aschränkunge beim Alkoholkonsum.
7. Méintleche Gehaltsziedel an Ofrechnung vu Congé a NuetsstonnenLiewenDoheem suergt dofir, datt d’Betreierin all Mount en detailléierte Gehaltsziedel kritt, deen d’Congéen an Nuetsstonnen ordnungsgeméiss ofrechent.
8. Kontroll duerch d’Aarbechtsmedezin an Umeldung an der GemengMir suergen dofir, datt all Betreierin duerch d’Aarbechtsmedezin kontrolléiert gëtt, fir hir gesondheetlech Eegnung sécherzestellen. Eise Aarbechtsvertrag erméiglecht och d’obligatoresch Umeldung vun der Betreierin an der Gemeng no lëtzebuergeschem Recht.
9. Regelméisseg Kontakter mam Client an der BetreierinMir halen reegelméisseg Kontakter souwuel mam Client wéi och mat der Betreierin, fir sécherzestellen, datt alles zu senger Zefriddenheet leeft an datt Problemer fréi geléist ginn.
10. Begleedung bei An- an Ofmeldung souwéi bei medezineschen NoutfällLiewenDoheem ënnerstëtzt souwuel bei der An- an Ofmeldung vun der Betreierin an der Gemeng wéi och bei medezineschen Noutfäll, wéi Doktersbesich oder Spidolsopenthalten.

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis à jour à Luxembourg, le 1 septembre 2024