LiewenDoheemDéi richteg Betreiung fannen ... a Feeler vermeiden !

... wéi geet dat ?
Dir hutt festgestallt, datt et ëmmer méi schwéier gëtt, den Alldag eleng ze meeschteren. Dir wëllt awer doheem bleiwen, an ärem gewinnten Ëmfeld a sicht duerfir eng Betreiung déi Iech d’Sécherheet an d’Liewensqualitéit ubidde kann.

Mee, wéi fannt Dir déi richteg Betreiung ?

Fir eng Betreierin zu Lëtzebuerg anzestellen, gëtt et dräi Modeller.
Déi zwee éischt lafen iwwert eng auslännesch Agence a bierge vill Risike fir de Client, well wat vermeintlecht méi gënschteg ass, stellt sech als – besonnesch bei dem éischte Modell, méi wéi sécher e gutt getarnte Bedruch eraus, esoubal de Client genau nofreet, eppes wat hie maache muss, fir net als Kompliz do ze stoen.
Deen drëtte Modell gëtt vu LiewenDoheem an zwou aneren Agencen ëmgesat.
Dräi lëtzebuergesch Agence bidde Betreiungen un.

LiewenDoheem, als eenzege Lëtzebuerger Familljebetrib, leet besonnesche Wäert drop, datt all eis Servicer de gesetzlechen Bestëmmunge entspriechen an de Client a sämtleche Situatiounen optimal ofgeséchert ass, mat eisem Engagement fir Qualitéit a perséinlechem Service fir de Client an Ënnerstëtzung fir d’Auxiliaire de vie.

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2024/09/Lux-Flag-with-white-stripe-152-pix.png
Klickt hei op de Lëtzebuerger Fändel fir Informatiounen iwwer Lëtzebuergesch Agencen
Auslännesch Agence aus Däitschland a Pole sinn och zu Lëtzebuerg aktiv.

Si hu kee administrativ Personal hei am Land, alles leeft iwwer Telefon, a benotze d’Europäesch Entsenderichtlinn 96/71/EG fir dem Client eng scheinbar attraktiv Offer ze maachen. Dobäi gëtt verstoppt, datt de Client grousse Risiken ausgesat ass mat Verstéiss géint dat lëtzebuergescht Aarbechts-, Sozial- a Steierrecht.

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2024/09/German-polish-flag-combined-152-pix.png
Klickt op de Däitsch/Polnesche Fändel fir d’Risiken ze gesinn, déi Dir mat hinnen agitt

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl, 15, rue des Ardennes, L-7714 Colmar-Berg, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mise à jour à Luxembourg, le 13 avril 2025