LiewenDoheemVertraulechkeet

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/7.jpg

Vertraulechkeet

Wëll LiewenDoheem natierlech déi nei Europäesch Direktiv zum Schutz vun äre perséinlechen Donnéeë respektéiert, engagéiere mir eis op Folgendes :

  • Mat alle Moyenen déi noutwenneg sinn, d’Vertraulechkeet vun äre perséinlechen Donnéeë géigeniwwer vun all drëtte Persounen, déi net direkt mat der Ausféierung vun eisen Déngschter betraff sinn, ze schützen
  • Allen drëtte Persounen, déi mat der Ausféierung vun eisen Déngschter befaasst sinn, déi gläich Oploe maachen, wéi mir si sëlwer géigeniwwer vun Iech aginn
  • Esoubal eis kontraktuell Relatioun zum Ënn kënnt a souwäit et eis rechtlech erlaabt ass, vernichte mir all perséinlech Donnéeën déi Iech betreffen a mir bestätegen Iech dat schrëftlech.

Den Aarbechtskontrakt mat der Familljen-Betreierin enthält déi noutwenneg Garantië fir datt een héijen Niveau u Vertraulechkeet besteet.

https://www.liewendoheem.lu/wp-content/uploads/2022/07/15.jpg

D’Éierlechkeet vun eisem Personal

LiewenDoheem sëtzt sech an fir datt d’Familljen-Betreierin, zu jidder Zäit een éierlech Behuelen huet, an zu kengem Moment, eng eventuell Schwächt oder souguer Guttheet vun eisem  Client ausnotzt. LiewenDoheem bestätegt, datt d’Familljen-Betreierin sech éierenhaft behëlt an sech näischt zu Scholde komme gelooss huet, weder an hirem Heemechtsland, nach iergendwou anescht.

Reglement zum Dateschutz

D’Reglement N° 2016/679 vun der Europäescher Gemeinschaft gëtt RGPD genannt, als Ofkierzung vun «règlement général sur la protection des données» oder nach GDPR als Ofkierzung vum Engleschen «General Data Protection Regulation».

Dës Reglement beschreift de Schutz deen agehale muss gi wann eng Firma mat perséinlechen Donnéeë vun engem Client schafft.

Dëst Reglement verstäerkt d’Rechter vum Eenzelen a vereenheetlecht de Schutz an der Europäescher Union.

LiewenDoheem gëtt Iech am Besonnesche folgend Rechter an deem mir dëst GDPR Reglement uwenden :

  • D’Recht ze wësse wat fir eng perséinlech Donnéeë mir iwwert Iech erfaasst hunn;
  • D’Recht fir den Inhalt zu den Donnéeën déi Iech betreffen ze wëssen, an ze korrigéieren;
  • D’Recht fir eis ze verweigeren är perséinlech Donnéeën ze späicheren;
  • D’Recht fir datt är perséinlech Donnéeën, no enger gewëssener Zäit nodeem si net méi gebraucht ginn, « vergéiss » (=geläscht) ginn;
  • D’Recht fir eise Gebrauch vun äre perséinlechen Donnéeën anzeschränken.

Tous les droits relatifs aux contenus de ce site appartiennent à son auteur, étant :
LiewenDoheem sàrl-s, 69, rue de l’Église, L-4552 Niederkorn, RCS B 243725.
Toute reproduction, de quelque forme que ce soit, est interdite, sauf accord écrit et préalable de l’auteur.
Mis en ligne à Luxembourg, le 1 mars 2020